E wuert am ufank.
Sou fänke normalerweis bicher un.
Et sollt jo och e buch ginn, mat gedichter, aphorismen an iwerleeungen, déi ech vun ongeféier 1970 un bis haut op pabeier bruecht hunn an mat rezente fotoën aus der natur an der kultur. Awer iergendwéi krut dat ganzt kéng richteg analog fassong an dofir versichen ech et elo op digital manéier. Dat gëtt sécherlech e gutt stéck méi bëlleg an ech erreechen eventuell och eng reih méi mënschen.
De computer ass mir schonns laang net méi e friemt déier, awer esou eng websäit ze maachen an ze ënnerhalen, dat ass nei.
Egal wéi, elo geet et lass.
Nach eppes zu form an inhalt. Ech wäert versichen d’orthografie sou gutt ewéi méiglech ze zämen an dat an deenen drei sproochen, déi mir am laf vun der zäit „heemecht“ gi sinn an déi och a menger heemecht doheem sinn. Nuren un eppes wäert ech mech net halen: grouss a kléng ze schreiwen, ausser et ass deen éischte buschtaf vum satz. Wat d’schreifweis vum lëtzebuergeschen ugeet, do versichen ech mäi bescht. Ëmmerhin huet d’orthografie, säit ech hei op der welt sinn, schonns e puer mol geännert.
Sou elo wënschen ech iech, déi dir iech op meng websäit veriert huet vill freed un deem, wat dir hei liest a gesitt a mir ... e laangen otem.
Charel Bintz
NB1. Iergendwann, wann ech geléiert hunn, wéi dat geet, da wäert ech iech och d’geleeënheet fir e feedback op menger websäit ginn... sou mat enger fënsterchen, op déi ee klicke kann.
NB2. Bei den texter a bei de fotoën steet eng joreszuel, wann ech eng weess.
Februar 2017